Diddelenger Protest ofgeleent, 30:29-Victoire fir Esch bleift bestoen
© AFP (Archiv)
Den HBD hat Protest géint d'Wäertung vum Match géint Esch ageluecht, well et an de Schlussminutten zu engem falsche Wiessel komm war.
D'Lëtzebuerger Handball-Federatioun huet e Méindeg an engem Communiqué matgedeelt, dass den FLH-Tribunal nom Protest vum HB Diddeleng géint d'Wäertung vum Match géint den HB Esch vum 27. September eng Decisioun getraff hätt. Sechs Woche gouf op dës Decisioun gewaart.
Nodeems een all déi concernéiert Parteien ugehéiert hätt, koumen déi dräi 'Riichter' zur Konklusioun, dass keen Offiziellen déi reegelwiddreg Presenz vum Escher Spiller Nr. 6 um Terrain kontestéiert huet, dass d'Arbitteren an d'Delegéiert d'Situatioun beim Upëff fir gutt befonnt hunn, an dass Diddeleng näischt kontestéiert hätt zu deem Moment, wou eng Rektifikatioun nach méiglech gewiescht wier. Aus dëse Grënn géif d'Resultat vum Match vum 4. Spilldag (30:29 fir Esch) bestoe bleiwen.
Wat war geschitt?
Déi lescht Minutte vum Match Enn September ware chaotesch – och opgrond vun Arbitterdecisiounen; wat awer Tatsaachenentscheedungen an deem Moment waren, déi net ugefecht kënne ginn.
Diddeleng krut an der leschter Aktioun en direkte Fräiworf zougesprach, well d'Spillzäit schonn ofgelaf war. Dobäi hunn d'Arbittere bemierkt, dass den Escher Lou Fancelli aus der Nues geblutt huet, an hunn hie vum Terrain geschéckt, well een der Reegel 4:10 no net mat bluttverschmiertem Gesiicht oder Trikot spillen dierf. Den Escher gouf awer vum Spiller Nummer 6 Ben Goehler ersat, wat géint d'Reegel 2:5 verstéisst. Dowéinst hat Diddeleng Protest ageluecht, krut awer eeben net Recht.
Wéi een am RTL-Resumé vum Match an an der Livearena gutt gesi kann, stoung d'Nummer 6 op enger anerer Plaz an der Mauer a koum net un de Ball, wéi dëse geblockt gouf. A soumat war et keng spillentscheedend Situatioun. Diddeleng hat groussen Interêt dorun, de Match nach eng Kéier ze spillen, well d'Etute-Bridder dee Weekend net dobäi waren.
Dës Decisioun kéint och weider Auswierkungen op internationalem Plang hunn, andeem d'Reegelwierk vun der IHF op dësem Punkt ugepasst wäert ginn. Am Moment steet am Reglement näischt Explizittes iwwer d'Situatioun dran, wann en Defenseur no der Sireen wéinst Blutt vum Terrain muss. Dohier stellt sech d'Fro, ob deen dann dierf remplacéiert ginn oder net.