Käerjenger Dammen am 3. Tour eliminéiert
© AFP (Archiv)
No der héijer Néierlag um Freideg hat Käerjeng och am Retourmatch géint d'Italieener vun Erice näischt ze radetten.
No der 13:36-Defaite e Freideg huet sech Käerjeng am Retourmatch besser verkaf, verléiert de Match awer och kloer mat 17:32. Domat ass d'Aventure European Cup fir den HBK als leschte weiblechen FLH-Vertrieder eriwwer.
1:0 an 2:1 - dat waren déi zwee eenzeg Momenter, an deene Käerjeng a Féierung louch. Duerno huet Erice en 11:1-Laf gestart (3:12), woumat de Match scho gelaf war. An der 26. Minutt louch de lëtzebuergesche Vertrieder eng éischt Kéier 10 Goler hannen (6:16) an an der Paus waren et der 12 (7:19).
Dat louch och dorun, well d'Käerjengerinne just e knappen Drëttel vun hire Schëss am Gol ënnerbruecht kruten (17/48). Erice par conter huet aus 48 Schëss 32 Goler gemaach.
Am zweeten Duerchgang huet Erice net méi gemaach wéi néideg a Käerjeng konnt seng Statistik e bëssen opbesseren. Um Enn waren et 15 Goler Differenz. Domat ass bei den Damme kee lëtzebuergesche Vertrieder méi dobäi.
Bei den Häre stinn dogéint dräi Ekippen an de 1/16-Finallen. Diddeleng, Déifferdeng a Bierchem spillen hir éischt Matcher den nächste Weekend an hunn am Retourmatch Heemrecht.