An eisem Podcast "Drëtt Hallschent – De Sport-Talk" ass dës Woch e Lëtzebuerger Jugend-Scout vun Ajax Amsterdam, de Maxhime Jeangout, op Besuch.

Zanter 2023 ass de Maxhime Jeangout am Scouting aktiv. Fir d'éischt beim Standard Léck am Seniors-Beräich. Zanter ronn engem Joer ass de 24 Joer jonke Lëtzebuerger op fräiwëlleger Basis am Jugend-Beräich vun Ajax Amsterdam ënnerwee an ass virun allem responsabel fir de Scouting am Grand-Duché.

Beim Sam Rickal huet hien erkläert, wéi een iwwerhaapt Futtball-Scout gëtt, op wat beim Scouting Wäert geluecht gëtt a wéi eng Lëtzebuerger Nowuessspiller am Ausland héich gehandelt ginn.

Drëtt Hallschent mam Maxhime Jeangout

Et gehéiert och Chance dobäi

De Maxhime Jeangout huet Sportmanagement op der Universitéit zu Köln studéiert. Iwwert säi Studium ass hie bei de Scouting komm an huet dunn 2023 e Stage beim Standard Léck gemaach. Wéi säi Kontrakt beim belschen Traditiounsveräin ausgelaf ass, ass de 24 Joer jonke Lëtzebuerger mat enger Grëtz Chance bei Ajax Amsterdam gelant. Déi néideg Reussite a Chance brauch een och fir am Scouting aktiv ze sinn, well d'Aarbechtsplaze si rar.

"Deemools sinn ech iwwert LinkedIn a Kontakt getruede mam Chefscout vum Standard Léck. Ech hunn him ee klenge Message geschriwwen. Mir waren zu zwee Stagiairen. Spéiderhi sot hie mir, wéi ech du bis do war, datt mir eis kënnen extreem glécklech schätzen, datt mir déi Plaze kruten. Et ass esou, datt d'Demande relativ héich ass, par Rapport zu den Offeren oder de Plazen, déi et am Scouting ginn. Vun dohier gehéiert eeben eng risege Portioun Gléck mat dozou, datt ech elo an deem Beräich ënnerkomm sinn."

Dem Maxhime Jeangout säin Alldag besteet dorausser Spiller a Matcher, souwuel sur Place oder iwwer Video ze analyséieren, fir interessant Spiller kënnen ze entdecken.

Souwuel technesch wéi och charakterlech Attributer si gefrot 

Den internationale Spëtzefuttball entwéckelt sech permanent. Doduercher natierlech och d'Ufuerderungen un d'Spiller, déi dann och nach vu Land zu Land a vu Veräin zu Veräin ënnerschiddlech sinn. Nieft deene futtballeresche Qualitéiten, kucke Scoute wéi de Maxhime Jeangout awer och, wéi ee Charakter dee jeeweilege Spiller huet an ob dësen dann an déi aktuell Situatioun vum Veräi passt.

"Et geet net nëmmen duer, datt festgestallt gëtt, datt et e gudde Spiller ass. E Beispill, komm mir soen, mir hunn een 18 Joer ale lénke Fliggelspiller, deen extreem talentéiert ass, mee deen, soe mir nach e bësse wéi en Diamant ass, deen nach net fäerdeg geschlaff ass. Da soe mir, mir hunn esou e Spiller an dann hu mir eng Situatioun, soe mer zum Beispill, beim Standard Léck, datt mir net gutt an der Tabell do stinn an datt mir villäicht sportlech eng jonk Ekipp do stoen hunn. Da wier et villäicht méi clever oder besser, fir de Bien vun der Ekipp an dann eeben och fir den Erfolleg vun der Ekipp, datt mir do eeben elo villäicht net grad dee jonke Spiller eis eraussichen, fir ze verflichten, mee datt mir do villäicht ee méi gestanene Spiller huelen, deen eebe villäicht manner Potenzial huet, mee dann deen duerch seng Erfarung, déi ee matbréngt, déi an der Ekipp villäicht nach net do ass, datt hien dann doduercher déi aner Spiller all ee Krack mat drop zitt an datt doduerch dann den Niveau vun der Ekipp gehuewe gëtt."

Lëtzebuerger Nowuessspiller maachen international op sech opmierksam

Ëmmer méi Lëtzebuerger Talenter woen de Sprong an d'Ausland an dat a jonke Joren. D'Qualitéit vun de Lëtzebuerger Spiller schwätzt sech ronderëm. Doduerch datt sech de Maxhime Jenagout virun allem ëm de Lëtzebuerger Raum këmmert, kennt hien d'Stäerkten a Schwächte vun den Nowuesskicker am Grand-Duché. Virun allem zwee Nationalspiller fënnt de gebiertegen Hareler interessant.

"Zum Beispill den Enzo Duarte, deen elo am Wanter bei Borussia Dortmund gewiesselt ass. Den Enzo Duarte ass zimmlech komplett a sengem athleeteschen Aspekter. Hien ass grouss, hien ass beweeglech, hien huet eng gewëssen Dynamik, eng gutt Koordinatioun, wat och net ëmmer ginn ass, grad bei nach jonke grousse Spiller. Donieft eng exzellent Technik a Qualitéit am Dribbling. Dann ass awer och nach den Ayman Dardari, deen huet jo elo och e bëssen den Duerchbroch an der A -Nationalekipp gepackt. A mengen Aen ass dat och keen Zoufall, well de Jong hat ech dräimol an der Youth League d'lescht Joer gesinn. Also ganz onofhängeg dovunner, datt hie Lëtzebuerger ass. Mir ass hien an dëse Matcher extreemst positiv opgefall mat senger excellenter Technik op klengem Raum, sengen Täuschungen, sengen Crocheten, seng Qualitéiten am Dribbling, déi si scho staark an d'Ae gefall."

D'Drëtt Hallschent mam Maxhime Jeangout kënnt Dir wéi gewinnt um RTL Play lauschteren.