Lëtzebuerger Damme preparéiere sech op nächst Campagne
Den neien Nationaltrainer Patrick huet fir déi éischt Qualifikatiounsphas 13 Spillerinnen nominéiert. Vill Spillerinne feele wéinst Blessuren.
Vum 12. bis den 18. November stinn déi éischt Matcher an der éischter Quali-Phas um Programm. Do geet et géint Irland, Israel a Bosnien-Herzegowina.
Et gëtt net einfach de Succès vun der leschter Campagne ze widderhuelen. Et ass ëmmer schwéier virauszegesinn, wat fir Spillerinnen disponibel sinn.
Fir dës Fënster feelt d'Amanda Cahill, déi opgehalen huet. D'Ehis Etute an d'Isa Hämäläinen krute keng Erlabnis vun hirem College fir ze spillen. D'Laury Irthum, Charlie Bidinger, Esmeralda Skrielj, Joy Baum an d'Michèle Dittgen feele verletzt.
De Patrick Unger ass zënter Oktober neien Nationaltrainer vun den Dammen an huet de Mariuz Dzurzia ofgeléist. Him zur Säit stinn d'Amerikanerin Sidney Parsons an d'Liz Schmitz. Den Däitsche war e Sonndeg Invité bei RTL.