De Sébastien Thill gewënnt mat Rzeszow e ganz wichtege Match. Fir den Dirk Carlson sinn et och schwéier Woche mat St. Pölten.

Am leschte Match virun der Lännermatchpaus huet Heracles Almelo an der hollännescher Eredivisie 2:1 bei Excelsior Rotterdam gewonnen a feiert seng zweet Victoire hannerteneen. D'Ekipp vum Yvandro Borges, deen net am Kader stoung, bleift awer mat 9 Punkten Tabelleleschten.

De Marvin Martins muss mam FC Winterthur schonn déi néngt Néierlag an dëser Saison astiechen. Am Krisenduell géint Grasshoppers Zürech - Leschte géint Virleschten - stoung et no 90 Minutten 1:0 fir Zürech. De Marvin Martins stoung de ganze Match um Terrain.

An der éischter polnescher Liga klappt Stal Rzeszow Wieczysta Krakau 2:1 a spréngt an der Tabell laanscht si. Domat steet d'Ekipp vum Sébastien Thill elo mat 24 Punkten op der 7. Plaz. Rzeszow louch ab der 69. Minutt hannen, mee konnt de Match an Iwwerzuel nach dréien. De Lëtzebuerger huet seng Ekipp als Kapitän op den Terrain gefouert an 90 Minutten duerchgespillt.

Freideg

Beveren bleift an der belscher Challenger Pro League weiderhin ongeschloen. Am Duell mat Lommel gouf et zwar "just" en 2:2, mee Beveren läit mat 35 Punkten nach ëmmer un der Spëtzt. Eréischt an der Nospillzäit war Lommel den Ausgläich gelongen, dohier sinn et aus Siicht vu Beveren zwee verluer Punkten. De Laurent Jans huet d'Ekipp als Kapitän op den Terrain gefouert an 90 Minutten duerchgespillt.

Fir St. Pölten sinn et schwéier Wochen. Géint Admira Wacker, den direkte Konkurrent ëm den Opstig an d'éisträichesch Bundesliga, gouf et déi drëtt Néierlag hannertenee fir dem Dirk Carlson seng Ekipp. Dës Kéier en 1:2. Domat schmëlzt de Virsprong vum Tabelleleader St. Pölten op just nach ee Punkt op Admira Wacker. St. Pölten war a Féierung gaangen, mee Wacker konnt nach virun der Paus ausgläichen. Den decisive Gol ass eréischt kuerz viru Schluss gefall.

De Florian Bohnert koum bei der 1:3-Defaite vu Bastia géint Reims net an den Asaz a souz de ganze Match iwwer op der Bänk.