An der 1. däitscher Bundesliga am Damme-Basket hunn d'XCYDE Angels mat 62:67 zu Hannover verluer.

E Sonndeg huet am italienesche Volleyball-Championnat Lube Civitanova mam Kamil Rychlicki auswäerts mat 3:0 (25:22, 25:15, 25:20) gewonnen. De Lëtzebuerger Nationalspiller huet 8 Punkte fir seng Ekipp markéiert a stoung an den 3 Sätz um Terrain.

Am belsche Volleyball-Championnat huet Waremme mam Chris Zuidberg 0:3 (23:25, 23:25, 22:25) géint Lindemans Aalst verluer. De Chris Zuidberg stoung déi 3 Sätz iwwer um Terain an huet 7 Punkte markéiert.

Samschdeg

An der 2. Divisioun am däitsche Basket-Championnat hunn d'Gladiators Tréier mat 68:73 géint Rostock de Kierzere gezunn. Den Thomas Grün war e Samschdeg net am Asaz bei Tréier. De Lëtzebuerger huet eng Blessur um Been.

An der 1. däitscher Bundesliga am Basket hu bei den Dammen d'XCYDE Angels vun Nördlingen mam Magalie Meynadier mat 62:67 (17:20, 18:13, 19:19, 8:15) zu Hannover verluer. D'Lëtzebuergerin huet 10 Punkte markéiert.

Um Samschdeg de Mëtteg war Tina Welter dann nach mat Frisch Auf! Göppingen bei der Borussia vun Dortmund op Besuch. D'FLH-Nationalspillerin stoung bei der 20:32-Néierlag 23 Minutten um Terrain an huet 1 Gol markéiert.