Éiter-Waldbriedemes séchert sech wichteg Punkte géint Rued

© Archiv
Am nationalen Dëschtennischampionnat war et e Sonndeg d'Suite vum 6. Spilldag.
E Sonndeg hat Éiter-Waldbriedemes keng Problemer géint Rued. Souverän huet ee sech auswäerts mat 6:2 duerchgesat a sech domat wichteg Punkten an der Course ëm den Ofstig geséchert.
PDF: Feuille de Match Rued - Éiter-Waldbriedemes
E Samschdeg hat den DT Union Lëtzebuerg 6:2 géint den DT Iechternach gewonnen. Iechternach ass domadder weider ouni Victoire.
PDF: Feuille de Match Union - Iechternach
Beim Match Houwald géint Berbuerg hu sech béid Ekippe mat engem 5:5 getrennt. De lëschte Weekend hat sech an der Coupe de Luxembourg nach den Houwald knapps duerchgesat.
PDF: Feuille de Match Houwald - Berbuerg
Mam nämmlechte Resultat hu sech och Hueschtert/Foulscht an Diddeleng d'Punkte gedeelt. De Champion huet domat an dëser Saison fir d'éischte Kéier Punkte leiegelooss.
PDF: Feuille de Match Hueschtert/Foulscht géint Diddeleng
Duerch de Remis vum Houwald bleift Diddeleng mat engem Virsprong vun 3 Punkten un der Spëtzt vun der Tabell.