Bei den Damme hu sech e Sonndeg Mamer, Esch a Walfer fir d'1/4-Finalle qualifizéiert.

Hären

E Sonndeg gouf et déi erwaarte kloer Victoire fir Péiteng zu Stengefort. D'Ekipp aus der Nationaldivisioun huet sech kloer mat 3:0 géint de Veräin aus der éischter Divisioun duerchgesat.

No der Defaite am Championnat géint Bartreng hunn déi Escher e Samschdeg den Owend an den 1/8-Finalle vun der Coupe de Luxembourg Revanche geholl. D'Ekipp vum Ranguel Krivov huet sech mat 3:1 (18:25, 25:26, 25:22, 25:15) um Enn duerchgesat.

An der zweeter Partie vum Owend stounge Amber-Lënster aus der 2. Divisioun a Luerenzweiler aus der Nationaldivisioun géigeniwwer. D'Gäscht sinn als klore Favorit an dës Partie gaangen, ma um Enn sollte si et awer däitlech méi schwéier kréien, wéi erwaart. Och wann d'Resultat 3:0 ausgefall ass, sou war et an de Sätz mat 25:23, 25:22 a 25:23 ganz enk.

Dammen

E Sonndeg stounge bei den Dammen nach 3 Partië vun den 1/8-Finallen um Programm. Mamer huet sech an engem enken Duell mat 3:2 géint Péiteng behaapt. An de 1/4-Finalle steet dann och ee Veräin aus der 2. Divisioun. Esch huet sech nämlech mat 3:0 géint de Belair aus der 1. Divisioun duerchgesat. An am leschte Match um Sonndeg huet Walfer sech wéi erwaart kloer mat 3:0 géint Wolz aus der 3. Divisioun duerchgesat.

Bei den Damme gouf et e Samschdeg den Owend een Duell mat zwee Veräiner aus der Nationaldivisioun. Den Opsteiger Bartreng huet mat 1:3 géint Stengefort de Kierzere gezunn. Donieft huet d'Gym sech souverän mat 3:0 zu Fenteng aus der 1. Divisioun duerchgesat a keng Problemer hat och Dikrech beim 3:0 zu Lënster (1. Divisioun).