Am 2. Tour vum Challenge Cup am Volleyball huet de CHEV Dikrech e Mëttwoch den Owend den Allersmatch géint Luzern auswäerts 1:3 verluer.

Déi Dikrecher haten den 1. Saz gewonnen, an déi 2 nächst just ganz knapp mussen ofginn, ier d’Kraaft am 4. Saz e bësse nogelooss hat.

De Retourmatch zu Dikrech ass an 2 Wochen.