Um Siège vun der europäescher Handball-Federatioun goufen en Dënschdeg de Moien d'Aachtelsfinallen vum Challenge Cup geloust.

D'Red Boys spillen géint Dukla Prag aus der tschechescher Republik.
Am 3. Tour haten déi Déifferdenger de leschte Weekend scho mat Nove Veseli eng tschechesch Ekipp eliminéiert.


D'Partie si fir de Februar programméiert.