Zu Paräis am Théâtre du Châtelet war e Méindeg den Owend déi feierlech Zeremonie vum Weltfuttballer 2019.

Dëse Präis, dee jo dee beschte Futtballspiller op der Welt vum Joer 2019 kréint, gouf deemno zu Paräis iwwerreecht.

De Luka Modric, de Mëttelfeld-Ass vum Real Madrid, hat dës Auszeechnung d'lescht Joer gewonnen a war dëst Joer net emol an den Top 30. Am enke Krees bei den Häre waren dëst Joer ënner anerem de Lionel Messi, de Cristiano Ronaldo, de Sadio Mané an de Virgil van Dijk. Ma um Enn konnt sech den Argentinier vum FC Barcelona duerchsetzen.

De komplette Ranking:

  • Lionel Messi (Barcelona)
  • Virgil van Dijk (Liverpool)
  • Cristiano Ronaldo (Juventus Turin)
  • Sadio Mané (Liverpool)
  • Mohamed Salah (Liverpool)

Als beschte Kipper gouf iwwerdeems den Alisson Becker (Liverpool) geéiert.

Bei den Damme goung dëst Joer, wéi och schonn zejoert, de Ballon d'Or un d'Megan Rapinoe. D'US-Amerikanerin konnt sech virun der Lucy Bronze aus England an Alex Morgan och aus den USA behaapten.