E Mëttwoch den Owend stoung nach eng Partie vum 10. Spilldag am Härenhandball-Championnat um Programm.

No der 1/4-Finall an der Coupe bei den Hären an Damme goung et en Dënschdeg am Championnat fir d'Häre weider. Hei hu virun allem zwou Partien erausgestach: Esch krut Besuch vu Bierchem an Diddeleng krut et mat Dikrech ze dinn. E Mëttwoch gouf den 10. Spilldag dunn ofgeronnt.

HBC Schëffleng - Red Boys 27:37 (12:20)

D'Red Boys wollten, no der Victoire vum Leader HB Esch en Dënschdeg géint Bierchem, zu Schëffleng noleeën. Dat huet no den éischten 30 Minutten och gutt ausgesinn: déi Déifferdenger louchen an der Paus beim Stand vun 20:12 8 Goler am Avantage. Och an der 2. Hallschecht hunn d'Red Boys déi Schëfflenger dominéiert a sinn um Enn mat engem 10-Goler-Ënnerscheed vum Parquet gaangen.

HB Esch - HC Bierchem 24:22 (13:6)

Am Spëtzematch vum 10. Spilldag krut de Champion Esch et mat Bierchem ze dinn. Allebéid konnte sech um leschte Weekend ouni gréisser Problemer fir d'1/2-Finallen an der Coupe de Luxembourg qualifizéieren - et konnt ee sech deemno eng ëmkämpfte Partie op héijem Niveau erwaarden.

D'Formatioun aus der Minettsmetropol ass mat engem 13:6-Avance an d'Paus gaangen. No de 60 Minutte Spillzäit konnt sech Esch just nach knapp mat 24:22 duerchsetzen.

RTL

© Serge Olmo

HB Diddeleng - Chev Dikrech 35:27 (17:13)

Den HBD goung an der eegener Hal als liichte Favorit an d'Partie, d'Ekipp aus der Forge du Sud war awer géint de Chev vun Dikrech gewarnt. D'Formatioun aus der Ieselsstad wollt eppes aus dem Süde vum Land mat heem huelen.

Um Enn ass Diddeleng kloer als Gewënner vum Parquet gaangen.

HB Péiteng - HB Käerjeng 27:37 (13:20)

Péiteng krut en Dënschdegowend Besuch vun der Ekipp vum Dribbel. Am Kordall-Derby wollten déi Käerjenger eppes Zielbares erreechen, dat huet mat engem 20:13 an der Paus och gutt ausgesinn.

D'Ekipp vu Käerjeng konnt sech dann och zum Schluss mat 27:37 duerchsetzen.