An enger spannender Finall wënnt de Kamil Rychlicki mat Civitanova mat 3:1 géint Cruzeiro aus Brasilien.

Et war eng ganz spannend Finall an där béid Ekippe sech net vill geschenkt hunn. Nodeems den éischte Saz mat 25:23 un d'Italiener ëm de Lëtzebuerger gaangen ass, konnten d'Brasilianer am zweete Saz mat 25:19 ausgläichen. Den 3. sollt dann dee spannendsten an och ëmkämpfste sinn, dee sech Civitanova no 50 Minutten awer mat 31:29 konnt sécheren. De 4. Saz sollt dann och de leschte sinn wëll d'Ekipp mam Kamil Rychlicki dëse mat 25:21 fir sech entscheede konnt an domadder d'Club-Weltmeeschterschaft zu Betim a Brasilien gewonnen huet.