Lëtzebuerger Sportler am Ausland
Victoire fir den Thomas Grün mat Tréier

D'Magalie Meynadier wënnt mat den XCYDE Angels an de Chris Zuidberg verléiert mat Waremme mat 1:3.
Basketball
An der 2. däitscher Basketball-Bundesliga huet den Thomas Grün mat de Gladiators Tréier mat 70:62 géint d'Artland Dragons gewonnen. De Lëtzebuerger huet nëmme knapps 10 Minutte gespillt an 2 Punkten, 1 Assist an 1 Rebound realiséiert.
An der éischter Basketball Bundesliga gewënnt d'Magalie Meynadier mat den XCYDE Angels mat 78:60 géint Gisa Lions Halle. D'Lëtzebuergerin huet 5 Punkten a 4 Rebounds bäigesteiert.
Volleyball
An der 1. Belscher Divisioun verléieren de Chris Zuidberg a Waremme mat 1:3 géint Maaseik.
Am meeschte gelies