De Kamil Rychlicki am Exklusiv-Interview nom Gewënn vun der Club-Weltmeeschterschaft am Volleyball.

Den 8. Dezember dëst Joer gouf den Attaquant zesumme mat senger Ekipp Lube Cucine Civitanova Club-Weltmeeschter a Brasilien. E Gefill, wat mech hoffentlech net esou séier verléisst, esou de Kamil Rychlicki am Interview mat RTL. No engem méi schwéiere Start an dës Saison ass de Lëtzebuerger Nationalspiller frou, dass hien d’Chance krut, fir um Terrain ze stoen a sech och beweisen ze kënnen.

Dem 23 Joer ale Volleyballspiller säi Parcours huet hien no 4 Saisone beim VC Stroossen weider an d’Belsch bruecht, wou hie vun 2016-2018 bei Noliko Maaseik gespillt huet. Dono huet de Kamil Rychlicki de Sprong an Italien gewot, wou hien no enger staarker Saison beim  Conar Ravenna den Duerchbroch gepackt huet a bei den Champions-League-Gewënner vu Lube koum. Tëscht dësen zwou Saisonen ass de jonke Lëtzebuerger du fir e kuerzen Intermezzo an de Qatar spille gaangen, fir sech esou optimal op déi nei Erausfuerderung mat Lube ze preparéieren an nach weider Spillpraxis ze sammelen.

No engem éischter méi schwéiere Start bei sengem neie Club ass de Kamil Rychlicki haut frou, dass hien op der Club-Weltmeeschterschaft d’Méiglechkeet krut, fir sech ze beweisen. Dëst ass him dann och méi ewéi gegléckt. Op deem Tournoi war hien de 6. beschte Scorer, e Resultat, fir dat hie sech definitiv net verstoppe muss.

Kamil Rychlicki (1)

Esou war d’Freet nom leschte Punkt an der Finall ganz grouss. Et wier e Moment vu grousser Euphorie kombinéiert mat Freed an och enger gewëssener Satisfaktioun. Esou schéin dëse Gedanken dann och ass, bleift de jonke Sportler awer ganz buedemstänneg a seet, dass et elo schonns drëms geet, sech op déi nächst Matcher am Championnat ze konzentréieren.

"Weltmeeschter bleift ee fir ëmmer an et muss een elo no vir op déi nächst Matcher kucken. Déi Zäit, wou ee sech esou richteg iwwer dësen Titel freeë kann, kënnt nach", sou de Kamil Rychlicki.

Kamil Rychlicki (2)

Iwwer seng perséinlech Leeschtung ass de Lëtzebuerger dann och ganz zefridden, grad wann een esou en Tournoi dann och mam Gewënn ofschléisse kann. Virun allem war et dem Ex-Stroossener wichteg, dass hien dës Chance notze konnt a sech esou och bei Trainer, Veräin a Matspiller beweisen duerft.

An enger leschter Fro mengt de véierfache Lëtzebuerger Champion och, dass et e flott Gefill wier, mat senge fréieren Idoler zesummen op engem Terrain ze stoen. Dëst sollt een awer net dovun ofhalen, fir ëmmer säi Bescht ze ginn oder sech souguer auszerouen. Soumat muss ee sech un dëst Gefill gewinnen a sech och bewosst ginn, dass haut vläicht aner Jonker ee selwer als Idol hunn. Doduerch wëll een do dann och als Virbild-Sportler agéieren a fungéieren.

Kamil Rychlicki (3)