Holland wënnt Krimi géint Spuenien

© AFP
D'Dammen aus Holland kënne sech an enger ganz spannender Partie mat 30:29 géint Spuenien behaapten a sinn domat neien Handball-Weltmeeschter.
E Sonndeg gouf a Japan bei der Dammen-Handball-WM d'Finall tëscht Holland a Spuenien gespillt. An engem ganz spannende Match hu sech béid Ekippen näischt geschenkt. Holland louch wuel an der Hallschent mat 16:13 a Féierung, ma Spunien huet sech net opginn a konnt sech an der 2. Hallschent erëm erukämpfen. 1 Minutt viru Schluss stoung et 29:29 gläich. 4 Sekonne viru Schluss kruten d'Hollännerinnen dunn e 7 Meter. Dës Chance hu si sech net huele gelooss a gewannen d'Finall um Enn mat 30:29 géint Spuenien.
Beim Match em déi 3. Plaz konnt sech Russland mat 33:28 géint Norwegen duerchsetzen.