Red Boys wannen héich zu Diddeleng a verkierzen den Ecart op Esch
En Donneschdeg den Owend stoung een Nodrosmatch am Härenhandball fir de Kont vum 8. Spilldag um Programm. D'Red Boys hunn Diddeleng mat 32:22 geklappt.
Härenhandball
HB Diddeleng - Red Boys 22:32 (15:18)
Déi lescht Affiche vum Joer am Härenhandball hat et, mat dem Duell tëscht Diddeleng an Déifferdeng, a sech. D'Ekipp aus der Forge du Sud wollt mat enger Victoire mat de Red Boys an der Tabell gläichzéien, Déifferdeng wollt iwwerdeems op der 2. Tabelleplaz bleiwen an de Retard op de Leader Esch verkierzen.
Deementspriechend war vill Musek an der Partie, an där d'Gäscht de bessere Start erwëscht hunn. No 10 Minutte Spill ware si mat 6:4 am Avantage. Am weidere Verlaf vun den éischten 30 Minutte konnten d'Red Boys den HBD mat 3-4 Goler e bësse glécklech op Distanz halen, esou goung et mat engem 18:15 an d'Paus.
Diddeleng huet misse reagéieren, hat en Donneschdegowend mat de Red Boys awer een zolitte Géigner virun der Broscht. An no der rouder Kaart vum Josip Ilic, gouf déi Aufgab sécherlech net méi liicht. D'Heemekipp krut de Réckstand dunn och net méi kleng, am Contraire: Diddeleng konnt de Virsprong weider ausbauen. No der Stonn stoung deemno een däitlechen Erfolleg mat 10 Goler Ënnerscheed fir d'Red Boys um Tableau.