An der 1. Handball-Bundesliga konnten d'Damme vu Frisch Auf! Göppingen zu Mainz 27:17 gewannen.

D'Ekipp vun der Lëtzebuergerin louch no der 1. hallwer Stonn mat 11:7 am Avantage a konnt deemno d'Féierung an der 2. Hallschecht weider ausbauen. D'Tina Welter huet déi 2. Hallschecht ganz gespillt, konnt fir seng Faarwen awer kee Gol markéieren.