Lëtzebuerger Nationalekipp spillt am Januar WM- an EM-Qualifikatioun

Tëscht dem 10. an dem 16. Januar sti fir d'Handball-Nationalekipp vun den Hären heiheem wichteg Matcher um Programm.
Do sinn nämlech Matcher vun der Qualifikatioun fir d'WM am nächsten a fir d'EM am iwwernächste Joer. An der WM-Qualifikatioun heeschen d'Géigner Slowakei, Litauen a Färöer Inselen, iwwerdeems et an der EM-Qualifikatioun am Aller-Retour géint Estland geet.
Den Nationaltrainer Nikola Malesevic huet den Donneschdeg de Mëtten elo säi Kader fir déi 5 Matcher bekannt ginn an do sinn am Verglach mat den zwee Testmatcher d'lescht Woch an Italien ënnert anerem d'Routiniere Christian Bock an Tommy Wirtz an déi zwee aner Däitschland-Legionären Dimitri Mitrea a Jacques Tironzelli mat dobäi.
Am Testmatch géint Italien hat sech de Yann Hoffmann blesséiert, deemno wäert hie bei dëse Matcher feelen.
PDF: De Kader vun der Lëtzebuerger Ekipp am Iwwerbléck
D'Matcher am Iwwerbléck:
WM-Qualifikatioun
Freides, den 10. Januar um 19.30 Auer: Lëtzebuerg géint Slowakei
Samschdes, den 11. Januar um 17.30 Auer: Lëtzebuerg géint Litauen
Sonndes, den 12. Januar um 17.30 Auer: Lëtzebuerg géint Färöer Inselen
EM-Qualifikatioun
Donneschdes, de 16. Januar um 19.30 Auer: Lëtzebuerg géint Estland