Fir d'Saison 2020/2021
Alexander Nübel wiesselt vu Schalke bei Bayern München
Laang gouf iwwer ee Wiessel vum Nowuess-Kipper vun S04 bei den däitsche Rekordmeeschter spekuléiert, e Samschdeg de Moien koum d’Confirmatioun vum Wiessel.
Den 23 Joer jonke Golkipper steet nach bis den 30. Juni dëst Joer bei Schalke 04 ënner Kontrakt, dono leeft de Kontrakt vum Däitschen aus.
Den FCB muss deemno näischt fir den Alexander Nübel op den Dësch leeën.
Den neie Kontrakt beim däitsche Rekordmeeschter leeft vum Summer un iwwer 5 Joer.
Un der Säbener-Straße muss sech den Nübel awer mat der Roll als 2. Kipper hannert dem Manuel Neuer zefridde ginn.
Am meeschte gelies