E Freideg den Owend war den Optakt vum 12. Spilldag an der ieweschter Divisioun vum nationale Futtball-Championnat.

D'Rodanger, déi aus de leschte fënnef Matcher just 4 Punkte mathuele konnten a mat 9 Punkten op enger Relegatiounsplaz stoungen, wollten net an de Keller vun der Tabell rutschen. Nidderkuer war virun der Partie just 2 Punkten an zwou Plazen vun den europäesche Plazen ewech. D'Rolle waren also kloer verdeelt.

An der éischter Hallschent war am Stade Municipal zu Péiteng iwwer laang Zäiten awer net vill geschitt a Chancë waren, bis op jee eng gutt pro Säit, ganz rar. An de leschten 10 Minutte virun der Paus war de Match bësse méi animéiert.

Déi zweet Hallschent ware béid Ekippe méi aktiv an et huet een och méi Golchancë gesinn, ma e wierklech attraktive Match war et och net. Iwwert de ganze Match ware béid Ekippen op Aenhéicht, sou dass de Remis tëscht béide Veräiner gerecht ass. Rodange iwwerhëlt mat deem Resultat fir de Moment Hueschtert an de Racing a klëmmt domat op déi 12. Plaz. Nidderkuer bleift op der 5. Plaz, ass elo awer punktgläich mam 4. Biissen.

Déi weider Partië vum 12. Spilldag ginn e Sonndeg gespillt. Um 15 Auer ass et de Match Mamer-Bissen mat Livecommentaire an um 16 Auer sinn dann déi weider Partien mat ë.a. dem Duell Diddeleng géint Hesper. De Swift hat sech dës Woch vun Trainer a Sportdirekter getrennt.
Den Iwwerbléck vun de Resultater

D'Tabell