Éischt Bundesliga
Augsburg verléiert knapp géint Dortmund
© Alexandra BEIER / AFP
Fir den Optakt vum 9. Spilldag war de BVB zu Augsburg op Besuch a konnt mat engem 1-0 déi dräi Punkte mathuelen.
De Gol vum Owend huet de Serhou Guirassy an der 37. Minutt markéiert. Ofgesinn dovu war de Match net sonnerlech attraktiv an Dortmund ass frou iwwer weider dräi Punkten. D'Fuggerstädter waren ze harmlos an hiren Aktiounen.
De Lëtzebuerger Aiman Dardari stoung beim FCA net am Kader. Augburg bleift domat op der 15. Plaz stoen a riskéiert souguer, op d'Relegatiounsplaz ze rëtschen. Fir den Trainer Sandro Wagner dierft d'Loft ëmmer méi dënn ginn. De BVB spréngt virleefeg op déi zweet Plaz an der Tabell.
Am meeschte gelies