Um Weltcup zu Al Ain
De Para-Tireur Steve Nothum wënnt Sëlwer
© Luxembourg Paralympic Center
De Steve Nothum huet d'Saison am Para-Schéisse mat enger staarker Leeschtung ofgeschloss.
Beim Weltcup zu Al Ain an de Vereenegten Arabeschen Emirater kann hie sech um Enn iwwer d'Sëlwermedail freeën. No der Qualifikatioun louch de Steve Nothum mat 98 Treffer op der fënnefter Plaz. Ma an der Finall huet hie seng gutt Nerve bewisen a konnt sech mat enger staarker Leeschtung bis op déi zweet Plaz no vir kämpfen.
Domat geet fir de Lëtzebuerger Athleet eng erfollegräich Saison op en Enn, an där hien ënner anerem de Grand Prix an Italie gewonnen huet a beim Grand Prix zu Brno eng nei perséinlech Beschtleeschtung opstelle konnt.
Am meeschte gelies