7. Victoire noenee fir Bartreng, Conter waart weider op e Succès
© Yannick Gross - rtl.lu
E Freideg den Owend war am Basketball bei den Dammen an den Hären den Optakt vum 7. Spilldag vum Championnat.
Hären
D'Sparta Bartreng bleift ongeschloen un der Spëtzt vun der Tabell. Um Freideg gouf d'Ekipp doheem géint d'Résidence Walfer zwar gefuerdert, um Enn stoung allerdéngs eng 100:94 Victoire op der Auer fir d'Lokalekipp. Um Ufank vum véierte Véierel louch d'Sparta nach 75:81 am Réckstand, konnt d'Partie awer staark ofschléissen an dréinen. Walfer hat sech bal an d'Verlängerung gerett, en Dräier vum John Slajchert ass ragaangen, mee hien stoung virdru mam Fouss am Aus. Bei der Sparta koum den Nationalspiller Max Logelin op staark 30 Punkten.
Den AB Conter bleift och nom éischte Match mam neien Trainer Anthony Tomba ouni Victoire. An eegener Hal verléiert Conter däitlech mat 74:101 géint d'Kordall Steelers. De Robertas Jonaitis hat 29 Punkten um perséinleche Kont fir d'Gäscht.
Een Dag nom Out an der Coupe wënnt den T71 Diddeleng doheem no engem ëmkämpfte Match mat 89:79 géint de Racing Lëtzebuerg. Jimmie Lee Taylor (26 Punkten) a Joe Kalmes (21 Punkten, 16 Rebounds) waren e staarken Duo bei der Lokalekipp.
D'Etzella Ettelbréck wënnt den zweeten Heemmatch bannent 24 Stonnen. Um Donneschdeg war et géint Diddeleng an der Coupe nach enk, géint d'Musel Pikes huet d'Etzella awer keng Spannung opkomme gelooss,. Schonn an der Paus stoung et 56:26 fir d'Lokalekipp, um Enn 113:67. D'Etzella huet 19 Dräier als Ekipp getraff, 6 Spiller hunn op d'mannst 10 Punkte markéiert.
Um Sonndeg spillt d'Fiels géint Steesel a Mamer géint Esch.
Dammen
Zwou Partië vum 7. Spilldag goufe gespillt. Um Freideg setzt sech de Basket Esch 78:69 zu Wolz duerch, dat ënner dem Impuls vum Jovana Jaksic, si konnt 31 Punkte markéieren.
Um Freideg hat sech den AB Conter kloer mat 64:39 géint d'Musel Pikes duerchgesat. D'Pikes bleiwen domat des Saison ouni Victoire. Stefanie Kulesza (17 Punkten) an Ana Petrova (16) hunn am beschte getraff bei der Lokalekipp.
D'Enovos League bei den Damme geet elo an eng Paus, well d'Nationalekipp am November bei der EM-Quali am Asaz ass.