Am Gymnase vun der Coque huet d'U-18 mat 21:27 géint Griicheland de Kierzeren gezunn.

No 30 Minutten hat et allerdéngs nach ganz gutt ausgesinn, well déi jonk Rout Léiwe 14:11 virlouchen.
D’Spectateuren hunn zwou komplett verschidden Hallschenten erlieft.

Nom Säitewiessel ass de jonke Lëtzebuerger net méi vill agefall. Hinne sinn ze vill technesch Feeler ënnerlaf an de Griichesche Golkipp huet vill decisiv Paradë fäerdeg bruecht.

RTL

© Serge Olmo - rtl.lu

Am zweete Match vum Minitournoi huet um Freideg Mëtteg de Favorit Nordmazedonie géint Finnland mat 36:29 d’Iwwerhand behalen.

Um Samschdeg spillen déi jonk Rout Léiwe vu 17 Auer u géint Finnland.

RTL

© Serge Olmo - rtl.lu

D’Härennationalekipp spillt um Samschdeg vun 20 Auer u géint Lettland am Kader vun der WM-Qualifikatioun.
Bis e Sonndeg nach kënnen d’Spectateuren déi lëtzebuergesch Selektiounen bei fräiem Entrée ufeiere kommen.