Handball-EM
Out fir de Favorit Frankräich an der Virronn

© AFP
No der Defaite géint Portugal huet Frankräich e Sonndegowend och de Match géint Norwegen verluer an huet domadder keng Chance méi fir weider ze kommen.
Bei der Handball-Europameeschterschaft ass déi éischt deck Iwwerraschung perfekt. Frankräich gouf an der Virronn eliminéiert.
Zwee Deeg no hirer sensationeller Néierlag géint Portugal (25:28) huet sech den dräifachen Europameeschter och dem Vize-Weltmeeschter Norwegen misse mat 26:28 geschloe ginn an huet domadder keng Chance méi, fir eng Ronn weider ze kommen. Nieft Norwegen huet Portugal am Grupp D sech no enger 27:24-Victoire géint Bosnien Herzegowina fréizäiteg fir déi zweet Ronn qualifizéiert.
Am meeschte gelies