Norwegen a Slowenien konnte sech an der Grupp II duerchsetzen, Spuenien a Kroatien hunn d'Grupp I dominéiert.

Am Handball gëtt en neien Europameeschter gesicht an et sinn nach just 4 Länner an der Course, fir dësen Titel ze huelen.

An der Grupp I vun der Haaptronn konnte sech Spuenien a Kroatien duerchsetzen. Béid hu 5 Matcher gewonnen a géintenee 22:22 gläich gespillt. Béid hunn 9 Punkten op hirem Compte a Spuenien hat déi besser Goldifferenz. Domadder hu si Däitschland (6) Éisträich (3), Wäissrussland (3) an Tschechien (0) hannert sech gelooss.

5 Matcher a 5 Victoiren hat Norwegen an der Grupp II ze verbuchen. Slowenien kënnt hei op déi zweet Plaz mat 6 Punkten, no 3 Victoiren an 2 Néierlagen. Portugal, Schweden an Ungarn konnten all 4 Punkte sammelen, Island krut als leschten der 2.

Esou trëfft den 1. aus der Grupp I Spuenien op den 2. aus der Grupp II Slowenien. Den 2. aus der Grupp I Kroatien trëfft op de Gewënner aus der Grupp II Norwegen. Béid Matcher ginn e Freideg gespillt.

Am Match ëm d'Plaz 5 kritt Däitschland et e Samschdeg mat Portugal ze dinn.