Kroatien trëfft an der Finall op Spuenien

© AFP
An der éischter Halleffinall konnt sech Kroatien no zwou Verlängerunge géint Norwegen gewannen. Spuenien konnt Slowenien no 60 Minutte klappen.
Norwegen-Kroatien 28:29 (n.V.)
Am éischte Match stoung sech de Gewënner aus der Qualifikatiounsgrupp I Norwegen dem zweeten aus der Qualifikatiounsgrupp II Kroaten géintiwwer. An der éischter Hallschent konnt sech laang ni wierklech eng Ekipp ofsetzen. Mol haten d'Norweger eng Avance, Mol d'Kroaten. Mam Pauseresultat vun 10:12 fir Kroatien war hei nach laang näischt entscheet.
Kroatien konnt nom Säitewiessel nach op 13:10 erhéijen, ma méi, wéi 3 Punkten Avance konnte si sech net erausspillen. Dono koum d'Zäit vun den Norweger. Si hu sech op 15:15 erugekämpft a ware beim Stand vu 17:16 nees eng Kéier vir. An de Minutten drop ass et hin an hier gaangen a mol haten déi Eng, mol déi Aner d'Nues vir. Esou konnt och keng vu béiden Ekippen de Match a 60 Minutten entscheeden. Beim Stand vun 23:23 gouf d'Verlängerung ugepaff.
Vill Goler sinn an dësen 10 Minutten net gefall, 3 op all Säit, esou datt eng zweet Verlängerung vun 10 Minutte muss gespillt ginn. An hei konnt sech zum Schluss ganz knapp Kroatien duerchsetzen. No der zweeter Verlängerung stoung et 29:28 fir d'Kroaten.
Spuenien-Slowenien 34:32
Et war eng ausgeglachen Ufanksphase, dat bis zum Stand vun 8:8. Dono huet Spuenien Tempo gemaach a sech séier en Ecart vu 4 Goler erausgespillt, dat beim Stand vun 13:9. Bis an d'Paus konnte si souguer nach op 20:15 erhéijen.
No der Paus war et nees méi ausgeglach. Spuenien konnt den Ecart net wierklech ausbauen, Slowenien ass net méi richteg bäi komm. Ëmmer nees huet de Virsprong tëscht 3 a 5 Goler geschwankt, an et huet esou ausgesinn, wéi wann d'Victoire vu Spuenien ni wierklech a Gefor wier. Ma 2 Minutte viru Schluss war Slowenien erëm bäi, si haten aus engem 27:32 en 30:32 gemaach a kuerz viru Schluss stoung et souguer nach 32:33. De leschte Gol vu Spuenien ass dann Sekonne virum Ofpëff gefall, esou datt si sech nach zu dëser 34:32 Victoire hu missten zidderen.