Iwwerdeems muss sech den HB Museldall géint Dideleng geschloe ginn.

HB Käerjeng - Chev Dikrech 26:18

Den Tabelleleader Käerjeng krut et um 12. Spilldag mam Chev vun Dikrech ze dinn. No enger ausgeglachener Ufanksphas, an där d'Féierung ëmmer nees d'Säit gewiesselt huet, krut sech d'Lokalekipp kuerz virun der Paus e Virsprong vun 3 Goler opgebaut. Mat engem Stand vu 14:11 ass et an der zweeter Hallschent weidergaangen an der Käerjenger Ekipp ass et gelongen de Virsprong ëmmer weider auszebauen. Zum Schluss steet eng kloer 26:18 Victoire fir den Tabelleleader.

HB Museldall - HB Dideleng 17:22

De Gaascht vun Diddeleng ass als klore Favorit an dës Partie gaang, wat sech och um Terrain gewisen huet. Den HB Museldall konnt zwar e klengt Wuert matschwätzen, ass dann awer mam Spillverlaf ëmmer méi a Réckstand geroden. Zum Schluss wënnt den HB Diddeleng mat 22:17 géint den HB Museldall a bleift op der 2. Plaz an der Tabell.