Handball-EM
Norwegen séchert sech géint Slowenien déi 3. Plaz

E Samschdeg den Owend ass et am Duell tëscht Slowenien an Norwegen ëm déi 3. Plaz bei der EM gaangen.
An engem klore Match huet d'Ekipp aus Norwegen net vill ubrenne gelooss. Och wann et an der Paus eng Féierung vu just 3 Goler war, weist sech zum Schluss, dass Slowenien net vill entgéint ze setzen hat. Mat 28:20 wënnt Norwegen de Match a schléisst d'EM domat op der drëtter Plaz of.
D'Finall gëtt e Sonndeg um 16:30 Auer tëscht Kroatien a Spuenien ausgedroen.
Am meeschte gelies