An enger ganz spannender EM-Finall setzt sech Spuenien an de leschte Sekonne mat 22:20 géint Kroatien duerch.

An enger extrem spannender Finall tëscht Spuenien a Kroatien wou zemools an der Defense keng Ekipp där anerer eppes geschenkt huet. Keng Ekipp konnt sech zu iergendengem Zäitpunkt ofsetzen an et war praktesch ëmmer maximal just 1 Gol Ënnerscheed. Esou war Spuenien mat engem knappen 12:11 an d'Paus gaangen. 5 Minutte viru Schluss stoung et 19:19 sou dat ee sech op eng extrem spannend Schlussphase astelle konnt. An de leschte Sekonnen ass et de Spuenier dann awer gelongen sech ofzesetzen a gewënnt schlussendlech mat 22:20.