Zu Zakopane a Polen konnt de Lokalmatador Kamil Stoch seng 1. Victoire vun dëser Saison feieren.

Mat zwee Spreng op 137,5 an 140 Meter konnt sech de Pol (295,7 Punkten) virum Éisträicher Stefan Kraft (290,6) a sengem favoriséierten Landsmann Dawid Kubacki (287,8) duerchsetzen.

Den éischten am Gesamtweltcup, Karl Geiger, gouf de 5. mee bleift am Gesamtweltcup op der éischter Plaz virum Stefan Kraft a Ryoyu Kobayashi.