Lëtzebuerger Sportler am Ausland
Chris Zuidberg feiert Victoire, Max Funk verléiert mat TuS Mondorf

© RTL (Archiv)
De Lëtzebuerger Max Funk ka sech trotz der 1:3-Néierlag géint Warnemüde iwwert d'Auszeechnung "Most Valuable Player" freeën.
An der 1. Belscher Divisioun gewannen de Chris Zuidberg a Waremme mat 3:1 (25/18, 25/19, 17/25, 25/25) géint de Volley Haasrode Leuven. De Lëtzebuerger Nationalspiller konnt 7 Punkten an 1 Block fir sech verbuchen.
An der 2. däitscher Bundesliga Nord huet um Sonndeg de Mëtteg de Max Funk mat TuS Mondorf géint de SV Warnemünde gespillt. De Lëtzebuerger huet mat senger Ekipp wuel 1:3 verluer, ma hie gouf als "Most Valuable Player" vu senger Ekipp ausgezeechent.

© Screenshot
Am meeschte gelies