An den Aachtelsfinalle vum Challenge Cup spillen d'Red Boys den 9. Februar zu Prag géint Dukla.

Fir d'8. Kéier stinn déi Déifferdenger an den Aachtelsfinalle vum Handball-Challenge-Cup. En Ronn weider huet de Veräin et bis ewell nach ni gepackt. Wann dat dës Saison klappe soll, da muss ee géint Dukla Prague aus Tschechien gewannen.

Den Allersmatch gëtt den 9. Februar um 19.30 Auer zu Prag gespillt. De Retourmatch ass de 15. Februar um 18 Auer zu Déifferdeng.