Um 14. a leschte Spilldag am Handball-Championnat bei den Häre ware et e Mëttwoch den Owend den Duell tëscht de Red Boys a Käerjeng.

D'Red Boys stounge virum Match mat 22 Punkten op der 2. Plaz. Käerjeng hirersäits stoung op der 5. Plaz mat nëmme 15 Punkten.

Um Mëttwoch den Owend war et dann eng virgezunne Partie vum 14 Spilldag.

D’Red Boys hu beim Noper Käerjeng gespillt a konnte mat 30:26 d’Iwwerhand behalen.

AUDIO: Peter Osthrion

Déi éischt Halbzeit, war wéi d’Resultat vu 15:15 et weist, komplett ausgeglach. Nom Säitewiessel hu sech déi Déifferdenger relativ séier en Ecart vun 3 Goler erausgespillt. Déi Käerjenger sinn ni erukomm; déi Rout vun Déifferdeng hu relativ einfach de Match bis d'Schlusssireen kontrolléiert.

No dëser Victoire zéien d'Red Boys provisoresch gläich an der Tabell mam Handball Esch. Beschte Marqueur vum Owend war den Déifferdenger Dan Scheid mat 7 Goaler.