Iwwerdeems kann d'Magalie Meynandier mat XCYDE Angels eng Victoire feieren. Béid Lëtzebuerger gehéieren zu den Top-Scorer vun hiren Ekippen.

Basket

No enger ganz staarker 2. Hallschent kënne sech d'Magalie Meynandier an d'XCYDE Angels mat 79:78 géint Osnabrück behaapten. An der Paus louchen d'Angels nach mat 35:49 am Réckstand. D'Lëtzebuergerin stoung knapps 37 Minutten um Terrain a huet ganzer 16 Punkte fir d'Victoire bäigesteiert.

De Match vun de Gladiators Tréier mam Thomas Grün gouf wéinst dem Stuerm ofgesot.

Volleyball

De Kamil Rychlicki huet mat senger Ekipp Lube Civitanova kloer 3:0 (25-21, 25-23, 25-19) géint Ravenna gewonnen. Mat 11 Punkte war de Lëtzebuerger Nationalspiller alt erëm ee vun de Topscorer vu senger Ekipp.