Titelverdeedeger de Nutte a Kill an den Halleffinallen

© pressphoto (Archiv)
De Weekend sinn am Gymnase vun der Coque d'Dëschtennis-Eenzelmeeschterschaften. Um Samschdeg goufen déi verschidden Halleffinaliste gesicht.
Bei den Damme gouf et eng gréisser Iwwerraschung. Hei war et d'Carole Hartmann vun Iechternach, déi sech am zweeten Tour géint déi jonk Mélisa Sadikovic huet misse geschloe ginn. D'Mélisa Sadikovic huet et um Enn awer net bis an d'Halleffinalle gepackt, dat duerch eng 3:4-Defaite géint d'Julie Poncin. Si kritt et an der Ronn vun de leschte Véier mat der Titelverdeedegerin Sarah de Nutte ze dinn. An der zweeter Halleffinall bei den Damme steet iwwerraschend d'Martine Simon, dat no enger 4:2-Victoire géint d'Sarah Meyer. Hir Géignerin ass d'Tessy Gonderinger.
D'Egle Tamasauskaite an d'Lena Grein konnten aus gesondheetleche Grënn net untrieden.
PDF: D'Resultater vun den Dammen an den Dubbelen
Bei den Häre muss den Eric Glod géint de Gilles Michely untrieden an an der zweeter Halleffinall kënnt et zur Neioplo vun der Finall vun zejoert tëscht dem Luka Mladenovic an dem Titelverdeedeger Christian Kill.
PDF: D'Resultater vun den Hären
Am Mixed-Dubbel kréien et an den Halleffinallen d'Geschwëster Eric an Tessy Gonderinger mam Duo Christian Kill a Carole Hartmann ze dinn. An der zweeter Halleffinall spillen de Luka Mladenovic an d'Sarah de Nutte géint den Duo Eric Glod a Larissa Gales.
Am Dubbel bei den Häre spillt den Duo Marc Dielissen/Eric Gonderinger géint den Duo Christian Kill/Yves Tonon. An an der zweeter Halleffinall treffen Eric Glod/Tom Collet op Arlindo de Sousa/Evgheni Dadechin.
Bei den Damme sinn et d'Halleffinalle Carole Hartmann/Larissa Gales géint Sarah Meyer/Julie Poncin an Ariel Barbosa/Martine Simon géint Sarah de Nutte/Tessy Gonderinger.
D'Halleffinallen an d'Finalle vun den Eenzelmeeschterschaften am Dëschtennis ginn e Sonndeg gespillt.
PDF: De Programm vun e Sonndeg