Iwwerdeems wannen de Christian Kill an den Yves Tonon bei den Hären am Dubbel. Bei den Damme setze sech d'Sarah de Nutte an d'Tessy Gonderinger duerch.

Bei den Dammen huet sech an der Finall am Eenzel d'Sarah de Nutte kloer mat 4:0 géint d'Tessy Gonderinger duerchgesata feiert domat hiren 8. Titel.

Bei den Hären huet sech de Luka Mladenovic an der Finall am Eenzel mat 4:3 géint den Eric Glod duerchgesat. Am 7. an decisive Saz huet hie sech mat 11:6 behaapt a feiert domat säin zweeten Titel.
An der Halleffinall hat sech de Luka Mladenovic géint den Titelverdeedeger Eric Glod duerchgesat.

Dëschtennis-Eenzelmeeschterschaften: Hären
E Sonndeg sinn an der Coque d'Halleffinallen an d'Finallen vun den Dëschtennis-Eenzelmeeschterschafte gespillt ginn

Wéi erwaart hu sech am Dubbel bei den Dammen d'Sarah de Nutte an d'Tessy Gonderinger de Championstitel geséchert- Si hu kloer mat 3:0 géint d'Koppel Carole Hartmann / Larissa Gales gewonnen.

Eng kleng Iwwerraschung gouf et am Dubbel bei den Hären. Hei hunn de Christian Kill an den Yves Tonon d'Finall mat 3:1 géint den Arlindo de Sousa an den Evgheni Dadechin gewonnen.

Am Dubbel-Mixed hu sech den Eric Glod an d'Larissa Gales den Titel geséchert. Si hu sech an der Finall mat 3:2 géint d'Geschwëster Eric an Tessy Gonderinger duerchgesat. An der Halleffinall hate Glod a Gales iwwerraschend d'Favoritten Luka Mladenovic a Sarah de Nutte eliminéiert.

Weider Fotoe vun den Dëschtennis-Eenzelmeeschterschafte fannt Dir op pressphoto.rtl.lu.

D'Resultater

Eenzel Dammen

Finall

Sarah de Nutte - Tessy Gonderinger 4:0

Halleffinallen
Julie Poncin - Sarah de Nutte 1:4
Martine Simon - Tessy Gonderinger 0:4

Eenzel Hären

Finall

Eric Glod - Luka Mladenovic 3:4

Halleffinallen

Eric Glod - Gilles Michely 4:2
Luka Mladenovic - Christian Kill 4:2

Dubbel Dammen

Finall

Sarah de Nutte / Tessy Gonderinger - Carole Hartmann / Larissa Gales 3:0

Halleffinallen

Sarah de Nutte / Tessy Gonderinger - Martine Simon / Ariel Barbosa 3:1
Carole Hartmann / Larissa Gales - Sarah Meyer / Julie Poncin 3:0

Dubbel Hären

Finall

Christian Kill / Yves Tonon - Arlindo de Sousa / Evgheni Dadechin 3:1

Halleffinallen

Christian Kill / Yves Tonon - Eric Gonderinger / Marc Dielissen 3:0
Arlindo de Sousa / Evgheni Dadechin - Eric Glod / Tom Collé 3:2

Dubbel-Mixed

Finall

Eric Gonderinger / Tessy Gonderinger - Eric Glod / Larissa Gales 2:3

Halleffinallen

Eric Gonderinger / Tessy Gonderinger - Christian Kill / Carole Hartmann  3:2
Luka Mladenovic / Sarah de Nutte - Eric Glod / Larissa Gales 0:3