D'Lëtzebuergerin Ni Xia Lian huet et an den 3. Tour vun der Qualifikatioun beim World Tour Hungarian gepackt.

Si huet an der 2. Ronn géint d'Franséisin Stephanie Loeuillette (WR90) gewonnen, dat mat engem klore 4-0.

Domat steet d'Ni Xia Lian elo an der 3. a leschter Qualifikatiounsronn. Do kritt d'Lëtzebuergerin et mam Liu Jia (WR106) ze dinn, déi d'Lëtzebuerger Championne Sarah de Nutte mat 4-0 eliminéiert huet.

D’Sarah de Nutte hat an der 1. Ronn d’Kroatin Dorina Srebrnjak kloer 4-0 dominéiert, a krut et du mat der fréierer Europameeschtesch Liu Jia aus Éisträich ze dinn. Hei huet d'Liu Jia mat 4-1 d'Iwwerhand behalen.

Sollt d'Nia Xia Lian géint d'Liu Jia gewannen, steet si an der Ronn vun de leschten 32.

Bei den Hären huet de Luka Mladenovic am 1. Tour vun der Qualifikatioun géint den Olav Kosolosky mat 1-4 verluer. Den Eric Glod stoung direkt an der 2. Qualifikatiounsronn a war do dem Ho Kwan Kit kloer mat 0-4 ënnerleeën.