Kamil Rychlicki mat 6. Victoire am 6. Match

E Samschdeg ass et fir de Kamil Rychlicki a Lube Civitanova am leschte Match vun der Gruppephas vun der Champions League géint Fenerbahce gaangen.
Mat 5 Victoiren aus den éischte 5 Matcher a mat der Gewëssheet schonn an de Play-Offs ze sinn, ass Lube Civitanova an de leschte Match vun der Gruppephas gestart.
Fréi huet sech gewisen, wien de Favorit ass, sou dass den éischte Saz mat 25:17 op en Enn gaangen ass. Duerno huet Fenerbahce dann awer eng Äntwert gewisen a sech am zweete Saz mat 25:21 behaapt. An den zwee nächste Sätz huet d'Ekipp vum Kamil Rychlicki awer näischt méi ubrenne gelooss a mat engem 25:18 a 25:22 am 3. a 4. Saz de Match fir sech entscheet.
Domat wënnt Lube Civitanova och de leschte Match am Grupp A an zitt als Tabellenéischte mat 18 Punkten an d'Play-Offs vun der Champions League an.