Diddeleng mat 5:4-Succès an der 1. Halleffinall

© Archiv
Optakt vun den Halleffinallen am Dëschtennis-Championnat mat enger Victoire vum DT Diddeleng géint den DT Hueschtert/Folscht.
Bei der 1. Halleffinall vum Dëschtennis-Championnat koum et e Sonndeg zum Duell tëscht dem DT Diddeleng an dem DT Hueschtert/Folscht. De Champion vun zejoert wollt virum eegene Public géint de Gaascht näischt ubrenne loossen a goung deemno favoriséiert an d'Partie.
D'Ekipp aus der Forge du Sud konnt dann och déi 1. Halleffinall mat 5:4 fir sech entscheeden. Gespillt gëtt iwweregens am Modus Best-of-three.
PDF: Feuille de Match Diddeleng - Hueschtert/Folscht
Déi 2. Halleffinall an den 8. Mäerz. Da spillt nach den DT Berbuerg géint den DT Houwald.