Och wann de Futtball-Championnat an den Ekippentraining wéinst der aktueller Pandemie net méiglech ass, bleiwen d'Dammenekippen nawell um "Ball".

Op Facebook hu si ee Video gepost, wou jidderee fir sech doheem mat Toilettëpabeier Futtball spillt.

Si hunn de Video ënnert anerem och gemaach, fir de Leit, déi géint de Virus schaffen, Merci ze soen.