Am Handball steet nach net fest, ob déi nächst Saison zu 8 oder 10 Ekippen an der ieweschter Divisioun wäert gespillt ginn.

De Referendum vun der FLH goung mat 31 Stëmme fir zu 8, ma awer och 31 Stëmme fir eng Liga mat 10 Ekippen aus. D'Federatioun huet de Veräiner elo proposéiert fir op 10 Ekippen opzestocken, well et hei keen Desavantage fir ee Club géif ginn.

2021/2022 sollen dann awer nees just 8 Ekippen uewe matspillen.