Schach, dacks als Kinnekssppill bezeechent, zielt zu den eelste Brietspiller iwwerhaapt. Den Numm geet op dat persescht Wuert “Shah“ zeréck, dat Kinnek bedeit. Seng Urforme goufe schonn am 6. Joerhonnert gespillt, d’Reegelen, wéi mir se haut kennen, hu sech tëscht dem 15. a 16. Joerhonnert an Europa etabléiert.
Am 18. an 19. Joerhonnert gouf Schach e feste Bestanddeel vun der biergerlecher Kultur. Schach‑Caféë waren Treffpunkte fir Intellektueller, a Schach ze spillen huet als Zeeche vu Bildung a sozialem Status gegollt.
Eng ganz besonnesch symbolesch Roll huet Schach op der Weltmeeschterschaft 1972 kritt. Den Amerikaner Bobby Fischer an de Sowjet‑Spiller Boris Spasski stounge sech am Kale Krich géigeniwwer. De Match gouf weltwäit iwwerdroen a war vill méi wéi Sport – e gouf als Duell tëscht West an Ost verstanen. Bis an d'1980er Jore war Schach extrem populär. 1989 gouf et vum Internationalen Olympesche Comité als Sport unerkannt, och wann et ni olympesch Disziplin gouf. An de 1990er Jore koum et awer zu engem Verloscht u Popularitéit: De Kale Krich war eriwwer, Computer goufen ëmmer méi staark, an d’Spill ass lues a lues aus dem ëffentleche Raum verschwonnen.
Den 23. Oktober 2020 huet Schach eng spektakulär Renaissance erlieft. D’Netflix‑Serie “The Queen’s Gambit“ huet weltwäit Begeeschterung ausgeléist a Schach ass nees an de Mëttelpunkt geréckelt. Online‑Plattformen hu massive Wuesstem verzeechent, de Verkaf vu Schachbrieder ass staark geklommen. Opfälleg dobäi: De Publikum vum Schach huet sech verännert. Fraen a Kanner, bis dohi kloer ënnerrepresentéiert, hu Schach fir sech entdeckt. D’Kinneksspill gouf domat nees modern.