Am Alter vun 80 JoerRumänesch Trainerlegend Mircea Lucescu gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
Virun zwou Woche réischt stoung de Lucescu wärend der Play-Off-Halleffinall vun der WM-Qualifikatioun géint d'Tierkei fir Rumänien un der Säitelinn, elo ass hien un de Suitte vun engem Häerzinfarkt gestuerwen.
© Anadolu via AFP

E Sonndeg war den 80 Joer ale Mircea Lucescu an e Spidol zu Bukarest ageliwwert ginn. D’Spidol selwer hat den Doud vun der rumänescher Trainer-Ikon en Dënschdeg den Owend da confirméiert. “Et ass en trauregen Dag fir Rumänien an de Weltfuttball. E Mann, deen all Sekonn vu sengem Liewe fir de Futtball gelieft huet, ass vun eis gaangen”, esou de President vum rumänesche Futtballverband Razvan Burleanu.

Bei der 0:1-Defaite vu Rumänien géint d’Tierkei am Kader vun de WM-Qualifikatioun-Play-Offs viru genee zwou Wochen, stoung de Lucescu fir d’Rumänen un der Säitelinn an ass dobäi mat sengen 80 Joer als eelsten Nationaltrainer an d’Geschicht agaangen. Dee Rekord hat bis ewell den Däitschen Otto Pfister gehalen, dee mat 79 Joer d’afghanesch Nationalekipp trainéiert hat.

De Lucescu hat als aktive Futtballer ausschliisslech a Rumänien gespillt. Als Coach huet hien nieft der rumänescher Nationalekipp ënner anerem och Brescia Calcio, Inter Mailand, Galatasaray, Besiktas, Schachtar Donezk an déi tierkesch Nationalekipp trainéiert. Mat zwee Veräiner ass hien iwwerdeems och UEFA-Cup-Gewënner ginn, dat 2000 mat Galatasaray Istanbul an 2009 mat Schachtar Donezk.

Back to Top
CIM LOGO