
Zum Frust vu ville Mataarbechter, Spiller a Benevolle vun der Lëtzebuerger Rugby-Federatioun huet Lettland fir de Match géint Lëtzebuerg an der “Rugby Europe Conference Pool A” Forfait erkläert. Lëtzebuerg kritt domat eng 28:0-Victoire mat Bonuspunkt zougesprach.
No zwou klore Victoirë géint Norwegen (60:6) an Estland (93:0) hat d’lëtzebuergesch Ekipp grousst Potential gewisen a war motivéiert, weider ze konkurréieren an hir Punkt-Differenz am Pool auszebauen. Dës Punkt-Differenz ass entscheedend, well d’Rugby Europe Conference aus fënnef getrennte Poole besteet an nëmmen déi zwou beschten Ekippen no Punkten an eng Play-off-Finall fir den Opstig an d’Rugby Europe Trophy kommen.

Dat war och en Aspekt, deen den Nationaltrainer James Kent ervirgehuewen huet, well d’Ekipp “a Kontroll” vun hirem eegene Wee wëll sinn a sou Situatiounen dat net erlaben. Donieft huet hien op de Manktem u Rhythmus higewisen, mat deem d’Ekipp elo virum Match a Finnland am Mee konfrontéiert ass, well déi lescht Partie am Dezember war. “Et ass en Trëtt an d’Zänn, d’Jonge ware prett. (...) Dee Match war eng wichteg Opportunitéit fir eis. Et wier eis eenzeg Chance gewiescht, déi komplett Ekipp virum nächste Match géint Finnland zesummenzebréngen, et wier entscheedend gewiescht fir d’Preparatioun an d’Kohesioun vun der Ekipp”, esou en enttäuschte Kent.
De Grond fir d’Decisioun vun der lettescher Federatioun, de Match Forfait z’erklären, gouf net genannt. Si erklären och hir Partie géint Estland den 11. Abrëll Forfait.
Elo riicht sech de Bléck op den Auswäertsmatch a Finnland, deen d’Saison ofschléisst. Lëtzebuerg wäert dobäi eng héich Victoire brauchen, fir sech eng Plaz am Play-off fir d’Rugby Europe Trophy ze sécheren.