D'Eléonora Molinaro kéint, no hirer gudder Leeschtung am Fed Cup, méiglecherweis ee Präis gewannen.

Déi jonk Lëtzebuergerin ass nämlech fir de "Fed Cup Heart Award" nominéiert, deen zanter 2009 all Joer vun der ITF verdeelt gëtt.
Mat dësem Preis gi Spiller geéiert, déi wärend dem Fed Cup besonnesch Leeschtunge fir hiert Land vollbruecht hunn.

De Gewënner gëtt per Online-Voting vum 1. bis den 8. Mee ermëttelt. Als Gewënner kritt een d'Méiglechkeet, eng vun der ITF zu Verfügung gestallte Geldzomm fir e gudden Zweck senger Wiel ze spenden.