Den CHEV Dikrech huet den no 2 Joer auslafende Kontrakt mam Adam Szulc net verlängert. Neien Trainer gëtt den Ivo Ivesic.

No 2 Joer huet den CHEV Dikrech de Kontrakt mam Adam Szulc net verlängert. De Veräin wëll déi jonk Spiller an Zukunft mat engem neien Trainer weiderentwéckelen. Dës Aufgab iwwerhëlt an Zukunft den Ivo Ivesic dee vill Erfarung als Trainer am Jugendberäich matbréngt.

Donieft hunn déi Dikrecher och nach bekannt ginn dat de Sascha Marzadori vun de Red Boys Déifferdeng bei den CHEV wiesselt.