D'Lëtzebuergerin, déi zanter dëser Saison zu Göppingen spillt, hat et mat hire Matspillerinnen an de Final Four vun der Coupe gepackt, ma du koum Corona.

Wéi all Athlet, probéiert och déi Lëtzebuerger Profi-Handballspillerin Tina Welter esou gutt et geet, dës ganz komplizéiert Kris ze iwwerwannen. Nach méi onglécklech ass et vläicht grad dës Deeg fir déi 27 Joer al Sportzaldotin, well si mat hirer Formatioun "Frisch Auf Göppingen" Enn Mee am Final Four vun der däitscher Coupe hätt solle stoen.

Mir waren d’Tina Welter am November besichen, wéi Frisch Auf an der Aachtelsfinall géint Marpingen-Alsweiler gespillt hat an däitlech d’Iwwerhand konnt behalen. Zanter dëser Saison spillt déi Lëtzebuerger Nationalspillerin bei Frisch Auf Göppingen an der éischter däitscher Bundesliga.

Punkto Championnat ass d’Saison 2019-2020 zanter der Kris eriwwer ouni Champion an der Bundesliga an ouni Ofsteiger. Frisch Auf Göppingen war de Moment vum Stopp op der 11. Plaz ënner 14 Ekippen. Beim Club aus Baden-Württemberg goufen d’Spillerinnen an der Corona-Zäit op Kuerzaarbecht erofgeschrauft, wat awer finanziell absolut ze droe war.

Well d’Bundesliga opgestockt gëtt nodeem et dës Saison jo keng Ofsteiger goufen an de Final Four nogeholl wäert ginn, stellt sech d’Tina Welter no der laanger Paus op eng ganz intensiv nächst Saison an.

Portrait Tina Welter / Reportage Jeff Kettenmeyer