De Weekend fänkt am Handball déi nei Saison un. 10 Ekippe wäerte géint den Ofstig an ëm den Titel kämpfen, soss waren et jo ëmmer 8 Ekippen.

Am Prinzip gesäit et aus, wéi wa 5 Formatioune sech uewe missten ofsetzen. Et dierften dat Esch, Bierchem, Käerjeng, d’Red Boys an Diddeleng sinn.

Handball-Virschau Deel 2 / Reportage Serge Olmo

Wéi d’Championnat gestoppt gouf, war den Handball Esch de Leader a gouf och zum Champion gekréint. Donieft haten déi Escher och schonn d’Coupe gewonnen. Am Kader vum Doublégewënner huet sech näischt gedoen. D’Ekipp ass agespillt an d’Ambitioune si berechtegt héich.

D’Red Boys waren am Moment vum Lockdown op der 2. Plaz. Am Géigendeel vun Esch huet sech zu Déifferdeng ganz vill gedoen. Déi Rout vun Déifferdeng hu mat Tom Meis, Yann Hoffmann, Joe Faber a Sacha Marzadori aktuell oder fréier Nationalspiller verluer an hu sech misste mat Spiller aus dem Ausland verstäerken. Donieft sinn och Jonker bei de Kader dobäi gestouss. Wann déi Nei gutt aschloen, da kënnen déi Déifferdenger uewe matspillen.

Den HB Diddeleng huet geziilt rekrutéiert. De Sloween Boris Becirovic gouf engagéiert, ee Mann mat grousser internationaler Erfarung, donieft setzen déi Diddelenger wéi gewinnt op d’Jugend. D’Ziler vum Mikel Molitor sinn allerdéngs nach flou.

Am Réiserbann gouf sech richteg gutt verstäert virun allem mam Transfert vum Nationalspiller Yann Hoffmann, mee net nëmmen. Déi Bierchemer wäerten nieft dem Handball Esch dacks als Matfavorit genannt ginn.

Den HB Käerjeng hat zejoert enttäuscht, huet allerdéngs dës Saison ganz vill Argumenter, fir nees uewen unzegräifen. De neie franséischen Trainer Yérime Sylla huet een impressionnanten CV. Mat Tom Meis a Jacques Tironzelli kommen 2 Nationalspiller zréck an aner staark Recruen aus dem Ausland sinn déi gréng vu Käerjeng verstäerke komm.

Um éischte Championnatsweekend spillen emol keng vun dëse 5 genannten Ekippe géinteneen.

Den Handball Esch ass e Sonndeg zu Kassel an Däitschland gefuerdert an dat am Kader vun der European League. De Géigner heescht do Pfadi Winterthur aus der Schwäiz.

Déi lescht Deeg koum jo d'Noriicht, datt fir den Optakt vum Championnat 2 Matcher vum 1. Spilldag wéinst Covid verluecht goufen. Et sinn dat d'Partien Standard géint d'Red Boys Déifferdeng a Schëffleng géint Diddeleng.